Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021

Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun 9 bis 16 Auer op säin 1. Ëmweltdag a Form vun enger Livekonferenz iwwert den offiziellen Internetsite www.emwelt.lu oder iwwert d'Facebooksäit vum Ëmweltministère an.

D'Konferenz, déi sech gläichermoossen un de Grand public an un d'Presse riicht, presentéiert den Zoustandsbericht vun der Ëmwelt zu Lëtzebuerg am Gesamtbild a politesch Äntwerten op déi spezifesch Defien am Land.

De Programm am Detail:

  • 09:00 - 09:15 Mot de bienvenue a Virstellung vun neie Sensibilisatiounsproduite vun der Ministesch Carole Dieschbourg

  • 09:15 - 10:30 Kapitel I "Bësch a Biodiversitéit"
    • Zoustand vum Bësch
    • Äntwerte fir de Bësch
    • Zoustand Aartevielfalt
    • Äntwerte fir d'Oppeland
    • Äntwerten op de Baudrock
  • 10:30 - 12:00 Kapitel II "Buedem a Ressourcen"
    • Iwwerbléck vum Buedemschutz
    • Äntwerten op de Ressourceverschläiss
    • Äntwerten op den Offall
  • 13:00 - 14:30 Kapitel III "Waasser a Baachen"
    • Drénkwaasser a Waasserstrategie
    • Gewässer: Renaturéierungen
    • Ofwaasser: Micropolluants a Kläranlagen
  • 14:30 - 16:00 Kapitel IV "Loft a Kaméidi"
    • Iwwerbléck Loft a Kaméidi
    • Äntwerte fir méi Loftqualitéit
    • Äntwerten op de Kaméidi
  • 16:00 - 16:15 Schlusswuert vun der Ministesch Carole Dieschbourg

D'Konferenz wäert op Lëtzebuergesch gehale ginn, eng simultan Iwwersetzung op Franséisch ass awer op www.emwelt.lu assuréiert.

Am Laf vun der Konferenz besteet zu all Moment d'Méiglechkeet Froen iwwer Email eran ze schécken (d'Adresse gëtt den Dag selwer um Ecran affichéiert), dëst gi vun eise Spezialisten oder vun der Ministesch selwer beäntwert.

 

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Naturverwaltung, der Waasserverwaltung an der Ëmweltverwaltung

Aktualiséiert