Den Ëmweltministère invitéiert op d'Ëmweltdeeg 2022

En Dënschdeg a Mëttwoch, de 26. a 27. Abrëll 2022 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierte jeweils vu 17:00 bis 19:30 Auer an d'Luxexpo The Box op déi 2. Editioun vun den Ëmweltdeeg. D'Konferenz kann entweder digital via Livestream iwwer www.emwelt.lu oder op der Plaz an der Luxexpo The Box verfollegt ginn.

No der Konferenz, Mëttwochs de 27. Abrëll, invitéiert den Ëmweltministère op e Patt fir dee sech all Mënsch iwwer emweltdeeg@mev.etat.lu umelle kann. De Prinzip ass "first come, first served".

Op der Konferenz, déi sech gläichermoossen un all d'Bierger, un d'Presse an un all d'Acteuren aus dem Ëmweltberäich riicht, gi wärend zwee Owender interessant Projeten an déi neisten Entwécklunge vun der Ëmwelt hei zu Lëtzebuerg virgestallt.

Et ginn och dëst Joer nees Projeten aus folgende Beräicher virgestallt:

  • Bësch a Biodiversitéit
  • Loft a Kaméidi
  • Buedem a Ressourcen
  • Waasser a Gewässer

D'Konferenz wäert op Lëtzebuergesch gehale ginn. Eng simultan Iwwersetzung op Franséisch ass op www.emwelt.lu an och an der Luxexpo The Box assuréiert. Am Laf vun der Konferenz besteet och d'Méiglechkeet Froen iwwer Email (emweltdeeg@mev.etat.lu) a live op der Plaz un eis Ministesch a Spezialisten ze stellen.

Weider Informatiounen an de genaue Programm ginn et op www.emwelt.lu.

Communiqué par le ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable

Aktualiséiert