Um Wee fir d'Erreeche vum gudden Zoustand vun eise Gewässer – Digital Virstellung vum Projet vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang

D'Joer 2021 steet ganz besonnesch am Zeeche vum Gewässerschutz. An deem Kader stellt de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, zesumme mat der Waasserverwaltung en Dënschdeg 4. Mee 2021 vun 18:00 bis 19:30 Auer de Projet vun der drëtter Editioun vum Waasserbewirtschaftungsplang vir.

Zil vum Waasserbewirtschaftungsplang ass et fir eis Gewässer erëm an e gudden Zoustand ze bréngen. Fir dëst ambitiéist Zil z'erreeche brauche mir Iech!

Deemno géife mir eis freeë wann Dir un der Optaktveranstaltung géift deelhuelen wou de Projet vum neie Waasserbewirtschaftungsplang virgestallt gëtt.

All Interessent ka sech iwwert d'Adresse wbp3@mev.etat.lu umellen a kritt e Webex Link geschéckt deen den online Zougang zu der Sessioun erlaabt.

 

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung a vun der Waasserverwaltung

Aktualiséiert