Waasser: "Phase de vigilance" ausgeléist

Wiederprevisiounen: Prekär Situatioun am Beräich vun der Drénkwaasserversuergung an Ofzape vun Uewerflächewaasser verbueden

Prekär Situatioun am Beräich vun der Drénkwaasserversuergung

Opgrond vun de Wiederkonditioune vun de leschten Deeg an de Previsioune fir déi kommend Woch, rifft de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung (MECDD) an d'Waasserverwaltung (AGE) d'Bevëlkerung op, den Drénkwaasserverbrauch esou wäit wéi méiglech anzeschränken an d'Verbëtze vun Drénkwaasser z'evitéieren. Och wann d'Gemengen den Ament nach genuch Ressourcen hunn, ass en allgemengen Appell fir e spuersamen Ëmgang mam Drénkwaasser néideg, fir déi verfügbar Ressourcen sou gutt et geet ze schounen.

D'Grondwaassererneierung vum leschte Wanter ass net duergaangen an d'Stréim vun enger grousser Zuel vu Quellen an der Grondwaasserleeder sinn ënnert dem normale Joresniveau mat enger duerchschnëttlecher Waassererneierung. De Réckgang vun dëse Sourcen ass ëmsou méi gravéierend well déi aktuell Hëtztwell d'Bevëlkerung dozou verleet méi Leitungswaasser ze verbrauchen. D'Erfarung weist en enke Lien tëscht enger erhéichter Consommatioun an der Hausse vun den Temperaturen. D'Wiederprevisioune kënnegen Temperaturen iwwer 30°C un fir déi zwou nächst Wochen, dat ganzt ouni Néierschlag. Et ass deemno mat engem extreeme Waasserverbrauch an där Zäit ze rechnen.

No Récksprooch mat den Haapt-Drénkwaassserliwweranten, ruffen den MECDD an den AGE wéinst dëser prekärer Situatioun d'"Phase de vigilance" vum nationale Waasserplang aus. Doduerch hunn d'Gemengen an hir Responsabel d'Méiglechkeet bestëmmte Moossnamen ze huelen a verschidden Aktivitéiten ze verbidden, fir esou de Waasserverbrauch duerch e Gemengereglement ze limitéieren.

Sech richteg verhalen:

  • Nätzen/bewässeren: Wise brauchen net genat ze ginn. Se verdroen ouni Problem Dréchentperioden a gi beim nächste Reen nees gréng. De Geméisgaart soll een am beschte moies fréi oder owes spéit netzen, wann de Buedem méi kill ass. Esou kann eng ze gréisser Evaporatioun an e Kälteschock fir d'Planze vermidde ginn.
  • Autowäsch: Beim Wäsche vum Auto doheem gëtt ganz vill Waasser verbëtzt, sou dass dës Aktivitéit bei Dréchentperioden z'evitéieren ass. Professionell Wäschanlage sinn allerdéngs net problematesch. Dës funktionéieren an engem zouene Circuit a "recycléieren" d'Waasser.
  • Iwweräerdeg Schwämmen: Etlech Modeller vun iwweräerdegen/opblosbare Schwämme kënne bis zu e puer Kubikmeter Waasser enthalen. Op besonnesch waarmen Deeg, fëllen eng grouss Unzuel u Bierger hir Schwämme gläichzäiteg a suergen esou fir e Pic beim Konsum. Dobäi kënnt, dass d'Waasser aus hygienesche Grënn reegelméisseg muss gewiesselt ginn oder mat Chemikalie wéi Chlor behandelt muss ginn. Et gëtt staark recommandéiert ëffentlech Schwämmen ze besichen.
  • Doheem: eng gefëllte Bidde faasst am Duerchschnëtt 150 bis 200 Liter Waasser, wougéint eng Dusch vu 5 Minutten ongeféier 50 Liter Waasser verbraucht. Duschen ass deemno ze privilegiéieren. De Waasserverbrauch beim Dusche kann nach weider reduzéiert ginn, andeems ee beim Aseefen d'Waasser ofstellt. Wie sech ugewinnt d'Wäschmaschinn an d'Spullmaschinn just bei voller Laascht lafen ze loossen, kann esou säi Waasserverbrauch a seng Elektresch-Rechnung positiv beaflossen.
  • Gemengen a Betriber: Dësen Appell ass och un d'Gemengen a Betriber geriicht, déi de Verbrauch vun Drénkwaasser op de strikte Minimum reduzéiere kënnen, andeems se d'Bewässere vun hire Parkanlagen optimiséieren, d'Notze vun Héichdrock-Botzgeschier vermeiden oder nach Sprangbueren ofschalten.

Um Site vum Waasserwirtschaftsamt fënnt een zousätzlech einfach Tipps fir den Drénkwaasserverbrauch ze reduzéieren.

Ofzape vun Uewerflächewaasser verbueden

D'Defiziter bei den Nidderschléi an der éischter Hallschent vum Joer 2022 hunn de Waasserhaushalt vun de Flëss beaflosst. Aus deem Grond rifft den MECDD an den AGE d'Bevëlkerung op keen Uewerflächewaasser méi ofzezapen, och wann déi Betraffen dofir eng Geneemegung hunn.

Dauer vun der "Phase de vigilance"

D'"Phase de vigilance" gëtt via Communiqué vum MECDD a vum AGE nees opgehuewen. Mir bieden dësen Avis ze berécksiichtegen. De kollektive Bierger- a gesonde Mënscheverstand vu jiddwerengem ass gefrot.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung / Waasserwirtschaftsamt

 

Aktualiséiert