Geriichtsurteel betreffend d'Naturschutzgesetz: A wéiengem Fall kann ech eng nei Demande erareechen?

Gëscht gouf a ville Kommunikatiounen do driwwer geschwat dass Refusen zu Modifikatiounen u Gebaier déi legal an der Gréngzone stinn kéinten nei evaluéiert ginn. Dëst betrëfft just déi Dossieren déi an engem vergläichbare Fall si wéi den Dossier aus dem Geriichtsurteel (ë.a. energetesch Sanéierung vum Daach, https://ja.public.lu/47027C.pdf).

Wann dir an esou engem Fall sidd, hutt dir als Proprietär 2 Optiounen:

  • e Recours gracieux bei der Ministesch areeche wann äre Refus nach net méi wéi 3 Méint al ass,
  • eng nei Autorisatioun ufroen (onofhängeg dovunner wéi al de Refus ass).

Wann dir onsécher sidd ob ären Dossier betraff ass, kennt dir dat bei der Administration de la nature et des forêts am service autorisations nofroen.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert