Pressekonferenz: Optakt vum "Klima Biergerrot"

De "Klima Biergerrot - KBR" (Bureau du citoyen pour le climat), deen de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel a senger Ried zur Lag vun der Natioun den 12 Oktober 2021 ugekënnegt huet, ass eng Initiativ am Kontext vun der Lëtzebuerger Strategie géint de Klimawandel.

De 5. Januar 2022 presentéieren d'Ministere Xavier Bettel, Carole Dieschbourg a Claude Turmes d'Detailer vun dësem Bierger-Bedeelegungsprojet am Kader vun enger Pressekonferenz.

An enger éischter Phas ginn ë.a. d'Membere vum KBR rekrutéiert. Weider Detailer heizou presentéiert den Tommy Klein, Direkter vum Client Service bei TNS Ilres.

De Livestream fänkt géint 15 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

Aktualiséiert