-
Wéi entsuergt een e gebrauchten Antigène-Schnelltest richteg?
Gebrauchte Schnelltester kënnen net recycelt ginn. Se mussen an déi normal gro Poubelle entsuergt ginn.
-
"Mäin éischt Null Offallbuch" – e lëtzebuergescht Buch ronderëm wéi een Offall kann a Ressourcë verwandelen oder esouguer ganz vermeiden
D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn en neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".
-
Um Wee fir d'Erreeche vum gudden Zoustand vun eise Gewässer – Digital Virstellung vum Projet vum 3. Waasserbewirtschaftungsplang
D'Joer 2021 steet ganz besonnesch am Zeeche vum Gewässerschutz. An deem Kader stellt de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, zesumme mat der Waasserverwaltung en Dënschdeg 4. Mee 2021 vun 18:00 bis 19:30 Auer de Projet vun der drëtter Editioun vum Waasserbewirtschaftungsplang vir.
-
Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021
Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun 9 bis 16 Auer op säin 1. Ëmweltdag a Form vun enger Livekonferenz iwwert den offiziellen Internetsite www.emwelt.lu oder iwwert d'Facebooksäit vum Ëmweltministère an.
-
Presentatioun vun der Strategie Kreeslafwirtschaft Lëtzebuerg
De Livestream fänkt géint 10:30 Auer un.
-
Besser Loft fir méi Liewensqualitéit: Consultation publique vir den nationale Loftqualtiéitsplang gëtt lancéiert
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d'Ëmweltverwaltung informéieren iwwer d'Consultation publique zum nationalen Loftqualitéitsplang. Vum 13. Januar un kënne Bierger a Gemengen de Plang consultéieren an hiren Avis dozou bei der Ëmweltverwaltung ofginn.
-
Chamber stëmmt mat grousser Majoritéit éischt Klimaschutzgesetz vu Lëtzebuerg
Pünktlech zum 5. Gebuertsdag vum Paräisser Klimaschutzofkommes den 12.12.2020, huet Lëtzebuerg fir d'éischt Kéier e nationalt Klimagesetz. Den entspriechende Gesetzestext ass den 8. Dezember 2020 vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung am héijen Haus presentéiert ginn, an no laangen Debatten mat 54 Jo-Stëmmen a just 4 Nee-Stëmmen bei zwou Enthalungen ugeholl ginn.
-
Klima- an Naturschutz an Ärer Gemeng – Eng virtuell Konferenz mam Carole Dieschbourg zum neien Naturpakt an zur Reform vum Klimapakt
De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung invitéiert ganz häerzlech op eng Informatiouns- an Diskussiounsveranstaltung zu den neie Méiglechkeete fir méi Natur- a Klimaschutz an Ärer Gemeng.
-
Stellungnam zum rechtleche Status vun der Decharge "beim Jongholz" tëscht Alzeng a Fréiseng
No engem Post op Facebook, deen iwwert de Weekend vill Opmierksamkeet kritt huet, gesäit sech de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Verantwortung Opklärungsaarbecht ze leeschten an iwwert déi aktuell Faktelag am Dossier vun der illegaler Decharge "beim Jongholz" ze informéieren.
-
Presentatioun vum grénge Plang fir d'Relance
Pressekonferenz am Livestream um 14 Auer vum Carole Dieschbourg a Claude Turmes iwwert de Plang "Gréng Relance fir Lëtzebuerg".
-
Covid-19 – avis aux exploitants: prorogation de délais liés aux autorisations relatives aux établissements classées, aux déchets, aux émissions industrielles et aux substances dangereuses
Prorogation des délais pour introduire des rapports à l'attention de l'Administration de l'environnement en vertu des autorisations accordées sur base des lois suivants.
-
Stellungnam zum Stockage vun Atomoffäll an der Lëtzebuerger Grenzregioun
Op enger Pressekonferenz bezitt d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Stellung zur ëffentlecher Consultatioun a Bezuch zum belschen Avant-projet d’arrêté royal an zum Rapport iwwert d’Auswierkunge vun den Atomoffäll op d’Ëmwelt vun der Lëtzebuerger Grenzregioun.
- 1