Stellungnam zum Baustopp op der Ettelbrécker Gare

Am Kader vun den CFL-Aarbechten um ale Gebai vun der Ettelbrécker Gare, gouf den 29.02.2022 op Uerder vum Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen. Dëst well fir en Deel vun den Aarbechten déi néideg Autorisatioun gefeelt huet.

  1. ©rail.lu

    Ettelbrécker Gare

    Ettelbrécker Gare

  2. ©Pierrette Niessen

    Ettelbrécker Gare

    Ettelbrécker Gare

  3. ©Pierrette Niessen

    Ettelbrécker Gare

    Ettelbrécker Gare

  4. ©MMFE Wikimedia commons

    Ettelbrécker Gare

    Ettelbrécker Gare

Heibäi geet et em eng Autorisatioun nom Artikel 27 aus dem Naturschutzgesetz. Dës muss ausgestallt gi fir de Projet ze cadréieren an d'Ersatzmoossnamen (CEF = continuous ecological functionality measures) festzeleeën. D'CEF-Mesuren, déi ëmzesetze sinn, betreffen an dësem Fall d'Fënsterschmuewelen.

D'Servicer vum Staat waren a bleiwen am Echange fir schnellstméiglech d'Situatioun ze deblockéieren. Et ass bekannt, datt d'Schmuewelen ënnert den Diecher vun der Gare, an och op den Nopeschgebaier hier Näschter haten, an och all Joer nees zréckkommen (Foto). Dat wäert elo Ufank Abrëll och nees de Fall sinn. D'CFL huet schon déi néideg CEF-Moossnamen ëmgesat, fir de Fortbestand vun de Schmuewelen ze sécheren. Dat ass ee wichtege Schratt a Richtung Déblockage, op deen elo gemeinsam higeschafft gëtt.

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert