Den Ëmweltministère invitéiert op seng 3. Editioun vun den Ëmweltdeeg

Wéi assuréieren eis dräi Verwaltungen eigentlech konkrete Klima- an Ëmweltschutz um Terrain?

U wéi enge neien a spannende Projete gëtt geschafft? A wat fir Erkenntnisser gewanne mir dorauser?

Dëse Froen widmet sech di 3t Editioun vun den Ëmweltdeeg, op déi de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierten häerzlech an de "natur musée" invitéiert.

Jiddereen dee méi iwwert eise lokale Klima- an Ëmweltschutz gewuer wëll ginn, ass hei genau richteg. D'Waasser-, Ëmwelt-, a Bëschverwaltung ginn Iech, op dräi Dënschdegowenter, nämlech ofwiesslungsräich Ablécker an hier Aarbecht.

Bei engem Patt kennt Dir uschléissend verdéiwend mat eisen Expert:innen an d'Gespréich kommen.

Den Optakt mécht d' Waasserverwaltung (AGE), déi den 13. Juni Ablécker an eist Drénkwaassergesetz, sou wéi an d'Renaturéierungsprojeten vun der Péitruss an der Uelzecht wäert gin. Den 20. Juni presentéiert d'Ëmweltverwaltung (AEV) de Bilan an d'Etuden zu eiser Loftqualitéit, a wäert, doriwwer eraus, weisen, wéi een ëffentlech Fester offall-fräi gestalte kann. Den Ofschloss mécht d' Bëschverwaltung (ANF), déi net nëmmen eise Kompenséierungssystem méi am Détail erkläert, mee och iwwert bedreeten Aarten zu Lëtzebuerg an d'Wichtegkeet vu Natura 2000 Zonen wäert verzielen.

Wichteg Informatiounen:

D'Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehalen.

Simultan Iwwersetzung op Franséisch an Englesch ginn assuréiert.

Mellt iech iwwer emweltdeeg@mev.etat.lu fir 1, 2 oder 3 Owenter un.

Adress:

"natur musée"

25, Rue Münster

L-2160 Luxembourg-Grund

Informatiounen op Englesch ënnert: www.emwelt.lu

Communiqué par le ministère de l'Environnement, du Climat et du Développement durable

Aktualiséiert