Lancement vun de neien Episode vun der Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg"

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung stellt déi drëtt Saison vun "Eist wëllt Lëtzebuerg" vir an invitéiert Grouss a Kléng fir zesummen déi wëll Flora a Fauna vum Grand-Duché z'entdecken.

Fir déi villfälteg Biodiversitéit virzestellen, huet de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung zesumme mat IP an RTL Lëtzebuerg eng nei Serie realiséiert, déi aus fënnef Documentairë besteet.

An dëser Serie wäerte fënnef Kanner op verschidden Experten treffe fir mat hinne fënnef ganz spezifesch Liewensraim an hir Bewunner ze entdecken an ze verstoen, wéi dës Liewensraim mat eisem Alldag verbonne sinn.

Déi fënnef Documentairen

S3 E1: Am éischten Episod entdeckt d'Louise d'Gestioun an de Schutz vun "Eis wëll Bëscher" mat de Préposés forestiers Serge an Thierry vun der Naturverwaltung.

S3 E2: Den Theo kuckt sech zesumme mam Martine vun der Waasserverwaltung "Eis wëll Flëss" mat all senge Liewewiesen vu méi no un a léiert mam Mich vun der Fondatioun Hëllef fir d'Natur vun natur&ëmwelt alles iwwer wëll Mullen an hir Missioun.

S3 E3: D'Gestioun vun "Eis wëll Wisen", déi souwuel d'Liewensgrondlag vun de Baueren, mee och vu Bestëbser a ville Villercher ass, steet um Programm vum Nora mam Philip vun der Naturverwaltung a mam Claire vum Sicona.

S3 E4: An der Episod "Eis wëll Dierfer a Stied" mam Nora a Bruno vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, benotzt den Hendrick eng Wäermbildkamera, fir Léisunge géint d'Klimaerwiermung ze fannen. Den Edvin vun der Gemeng Betzder an d'Marianne vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg weisen him wéi d'Aarbecht vum Service jardinage dofir suergt, datt d'Natur hir Plaz fënnt.

S3 E5: "Eis wëll Nuecht" ass dee leschten Episod mam Eliah, dee sech mam Birgit an Nathalie vun natur&ëmwelt op d'Sich no de Kauzen an de Fliedermais mécht. Den Tiago vun der Ëmweltverwaltung erkläert wat geschitt, wann d'Nuecht zum Dag gëtt.

D'Videoe sinn op "RTL KannaTivi", dem wéchentleche Kannerprogramm vun RTL, a spéider op RTL Play an ëmwelt.lu ze gesinn. Op RTL Télé ginn d'Episoden de 17.09, 24.09, 01.10, 15.10 an 22.10, allkéiers e puer Minutte virun 18h30, ausgestraalt.

Entdeckt déi komplett Serie "Eist wëllt Lëtzebuerg" hei: natura2000.lu/wellt-letzebuerg/

Communiqué vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

Aktualiséiert