Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 36 Resultater
  1. De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, dass de Grand-Duc haut de Moien d'Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, op eegene Wonsch entlooss huet.

  2. En Dënschdeg a Mëttwoch, de 26. a 27. Abrëll 2022 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung all Interesséierte jeweils vu 17:00 bis 19:30 Auer an d'Luxexpo The Box op déi 2. Editioun vun den Ëmweltdeeg. D'Konferenz kann entweder digital via Livestream iwwer www.emwelt.lu oder op der Plaz an der Luxexpo The Box verfollegt ginn.

  3. Am Kader vun den CFL-Aarbechten um ale Gebai vun der Ettelbrécker Gare, gouf den 29.02.2022 op Uerder vum Ëmweltministère e virleefege Baustopp verhaangen. Dëst well fir en Deel vun den Aarbechten déi néideg Autorisatioun gefeelt huet.

  4. No der Publikatioun vum Avis juridique vun der Cellule scientifique vun der Chamber huet d'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Carole Dieschbourg, reagéiert an haut an der gemeinsamer Sëtzung vun der Ëmweltkommissioun a vun der budgetärer Kontrollkommissioun de Memberen matgedeelt, dass d'Regierung en neie Finanzéierungsgesetzesprojet ugeholl huet.

  5. De 5. Januar 2022 presentéieren d'Ministere Xavier Bettel, Carole Dieschbourg a Claude Turmes d'Detailer vun dësem Bierger-Bedeelegungsprojet am Kader vun enger Pressekonferenz. De Livestream fänkt géint 15 Auer un.

  6. D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn en neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d'Thema wéi een Offall kann a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeiden, mam Titel "Mäin éischt Null Offallbuch".

  7. Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun 9 bis 16 Auer op säin 1. Ëmweltdag a Form vun enger Livekonferenz iwwert den offiziellen Internetsite www.emwelt.lu oder iwwert d'Facebooksäit vum Ëmweltministère an.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. Lescht Säit